Fannt Ären neie Chouer an engem Klick!
- Home
- Fannt Ären neie Chouer an engem Klick!
Sangt Dir gär a wëllt Är Leidenschaft mat anere Leit deelen? Dir kennt awer keng Chéier am Grand-Duché?
Dann kuckt laanscht op déi nei Websäit « chouer.lu ».
Op dësem Site fannt Dir déi vill Chéier, Choralen a Vokalensemblen vu Lëtzebuerg.
Um Chouerportal kënnt Dir no Art vu Chéier sortéieren (Dammenchouer, Männerchouer, Erwuessenechouer, Kannerchouer, Jugendchouer), Regioun a Standuert.
Wann Dir verantwortlech sidd fir e Vokalensembel, zéckt net eis ze kontaktéieren fir an d’Datebank integréiert ze sinn: info@inecc.lu