Adults Chorus

Men's Chorus

Women's Chorus

Teens Chorus

Children's Chorus

  • N’importe où

VOICEMOTION

Voicemotion gëtt et zanter 2009, gegrënnt a geleet vum Madeline Boonen.

Voicemotion ass eng jonk, modern an dynamesch Chorale. Eise Repertoire geet vu klassesch bis modern, Rock, Pop a Swing, mir hunn och kierchlech Lidder an eisem Repertoire. Mir sangen Hochzäiten, zivil Bestietnisser oder Partnerschaften, mir maachen de musikaleschen Encadrement bei Fester a mir si ganz gefrot fir Chrëschtconcerten.

Mir sange souwuel a capella, wéi och mat Pianosbegleedung, sinn awer och scho mat enger Band opgetrueden an hunn zesumme mat enger Musek gesongen. An all zwee Joer hu mir eise grousse Fréijoersconcert am Abrëll zu Biekerech.

Bei Voicemotion gëtt Motion an Emotion grouss geschriwwen… D’Ambiance ass ëmmer gutt, sief et an oder no de Prouwen. Mir ginn och mol zesummen op den Tour, maache gäre bei Workshoppen oder Stage mat, déi mat Gesang ze dinn hunn. A mir maachen och mol Ausflich a ginn zesumme Concerten, hei oder am Ausland lauschteren.

Eis Prouwe sinn ëmmer Mëttwochs zu Biekerech vun 19h45 bis 21h45.

An Zwëschenzäit hu mir bal 40 Sänger a Sängerinnen aus dem ganze Land, wat fir eis och d’Limitt ass. Nowuessproblemer hu mir deemno keng, am Géigendeel, mir hunn aktuell eng Waardelëscht, op déi een sech kann aschreiwen, fir wann eng Plaz fräi gëtt.

Dir kënnt eis gäre kontaktéieren, op facebook, op eisem Site voicemotion.lu oder iwwert eis email-Adress chorale.voicemotion@gmail.com

Training time