Adults Chorus

Men's Chorus

Women's Chorus

Teens Chorus

Children's Chorus

Chorale Municipale Ste-Cécile Wiltz – Wëltzer Gesank

Musek a Gesank spillen zu Woltz zënter jee eng grouss Roll. Vun 1867 un, gouf et zu Woltz zwou Paren an domat och zwee Chéier. Zënter 1970 hunn dës Chéier enk zesummegeschafft fir dun 1999 ze fusionnéieren. D’« Chorale Municipale Ste-Cécile Wiltz » séngt souwuel e geeschtleche, wéi och e weltleche Répertoire. D’Haaptmissioun vum Chouer läit doran d’Massen ze verschéineren a kulturell Evementer vun der Wëltzer Gemeng musikalesch z’ënnermolen.

An de leschte Joren, huet de Chouer och eng Rei Concerte mat Orchester gesongen; dëst ë.a. um Wëltzer Festival an an der Philharmonie zu Lëtzebuerg.

Zënter méi wéi 40 Joer, spillt de « Wëltzer Gesank » all Joer eng lëtzebuergesch Operett.

 

De Chouer zielt am Moment 40 aktiv Memberen a gëtt vun 1967 un, vum Josy Putz dirigéiert. Zënter 2018 deelen sech de Josy Putz an de Claude Windeshausen d’Direktioun vun der Chorale.

 

Zu de wichtegste Wierker, déi de Wëltzer Gesank opgefouert huet, kann een eng Rei Masse vum Mozart, Haydn, Schubert a Bruckner nennen, sou wéi den Te Deum vum Händel, Mozart, Bizet a Civitareale, de Messias vum Händel, d’9. Symphonie an d’Chorfantasie vum Beethoven, d’Liebeslieder-Walzer vum Brahms, d’Lied von der Glocke vum Romberg an d’Vier Jahreszeiten vum Haydn. Och de Lëtzebuerger Chouerrepertoire spillt eng grouss Roll fir d’Chorale Woltz.

 

Training time

08:00pm - 10:00pm

Additional info

Claude Windeshausen & Josy Putz