Adults Chorus

Men's Chorus

Women's Chorus

Teens Chorus

Children's Chorus

Chorale Municipale Sängerbond Museldall

Op Stefesdag 1897 hun 20 sangesfreedeg Männer de „Männergesangverein Wasserbillig“ gegrënnt. 1947 ass den Numm a Sängerbond Museldall Waasserbëlleg ëmgeännert gin. Zanter 2017 si mer eng „Chorale Municipale“. E Veräin den a senger 125jähriger Geschicht bis haut senger Traditioun als Männerchouer trei bliwwen ass. Niewent ville Concertën hei Heem an am Ausland, wou d’Literatur iwwer Klassik, d’Vollekslidd, dem Chanson zum Schlager geet, spillt de Bëllia Gesangveräin och all Joer’s mat groussem Publikumserfolleg Theater.

Iwwer 75 Joer hu gutt Dirigenten un der Spëtzt vum Chouer gestan. Déi 2 Schoulmeeschteren vu Waasserbëlleg de François Mathieu an de Roby Schiltz, den Dr. mus Jean-Pierre Schmit, d’Professeren Pierre Nimax an Jos Kinzé. Vun 1981 bis 2011 den Nico Hames an zanter 11 Joer léit déi musekalesch Leedung an den Hänn vun senger Duechter Viviane Kohn-Hames.

Aktuell ziele mer 27 Sänger: 7 am 1. Tenor; 7 am 2. Tenor; 6 am Bariton; 7 am Bass

Präsident Yvon Streff (zanter 1998) – Sekretär Michel Kohn (zanter 1981) – Keessier Frank Hansen (zanter 2009) – Dirigentin Viviane Kohn-Hames (zanter 2011)

Eis Prouwen sinn all Dënschdeg vun 20 – 22 Auer

Eise Proufsall ass an der Kapell beim Centre Culturel, Lëtzebuerger Strooss zu Waasserbëlleg

Training time

08:00pm - 10:00pm

Additional info

Viviane Kohn-Hames