Adults Chorus

Men's Chorus

Women's Chorus

Teens Chorus

Children's Chorus

Chorale Ste Cécile Bertrange

De Bartrenger Cäcilienveräin ass am Joer 1903 als Männerchouer gegrënnt ginn. Zanter 1965 ass et  e gemëschten Chouer an zielt haut 23 aktiv Sängerinnen a Sänger aus 8 verschiddenen Nationalitéiten.

D’Leedung vum Chouer läit zanter Januar 2010 an den Hänn vun der Madame Oksana SCHROETER.

Eis Chorale sengt d’Massen (Samschdes + Sonndes) am Prinzip op engem Weekend am Mount an op déenen Haaptfestdéeg am Joer.

Wann gefrot si mir och bei Hochzäits- an Begriefnissmass do.

 

Geleeëntlech sengt d’Chorale och een Concert an si bedeelegt sech un aneren Aktivitéiten an der Poar an an der Bartrenger Gemeng.

 

Nei Sänger(innen) si bei eis ëmmer häerzlech wëllkomm.

Eis Dirigentin : Mme Oksana SCHROETER

 Comité :

  • Präses : Paschtouer Paul GOERENS
  • Präsidentin : Marie-Paule SCHROEDER
  • Sekretärin : Céline JOMARD
  • Kéesier : Dany WIRTZ-HESS
  • Mitglieder : Monique WAGNER, Valérie BERNARD-JOLIAT, Erny ELSEN, Fabrice DAMAS

 

Eis Prouwen :

Alle Mëttwoch vun 19:30 bis 21:30 Auer, am Proufsall (Château Schauwenburg an ab September 2023 am neie Sall am Centre Bureck zu Bartreng , rue de la Fontaine)

Kontakt :

Informatiounen a Kontakt op :

 

Training time