Adults Chorus

Men's Chorus

Women's Chorus

Teens Chorus

Children's Chorus

  • Mamer

Chorale Sainte Cécile Mamer

D’Chorale Sainte Cécile Mamer a.s.b.l. ass den eelste Veräin an der Gemeng Mamer an zielt 35 aktiv Memberen. Dräi Generatioune si bei eis vertrueden (vu 15 Joer un), fir donneschdes owes mat vill Freed zesummen ze sangen an ze prouwen.

 

Eis Dirigentin, d’Sylvie Serra-Jacobs schafft sech mat eis duerch e ganz diverse Repertoire vu Klassik iwwert Chanson bis Pop a Musical duerch, dee bei follgenden ëffentlechen a private Aktivitéiten presentéiert gëtt :

 

  • Festdeeg vum Kierchejoer : Chrëschtdag, Ouschteren, Kommunioun
  • Nationalfeierdag an nationale Commemoratiounsdag
  • Messe unter freiem Himmel, Hochzäiten, Gottesdéngschter a Begriefnesmassen
  • Weltlech Concerten: Uucht am Hierscht, Fréijoers- a Summerconcerten am Fräien bzw. am Kinneksbond an am Schlass

 

D’Chorale gëtt vum Pianist Cosimo Colaci begleet.

 

Natierlech si mir frou fir Iech op eise nächste Concerten ze begréissen.

 

Mir géifen eis frééen, wann sech stemmbegaabte Leit entschléisse wéilten dem Chouer

bäizetrieden.

.

Geprouft gëtt donneschdes owes vun 20 bis 22 Auer, (ausser an der Vakanz)

an der fréierer Gemeng (r.d.ch.), Place de l’Indépendance zu Mamer

Training time